dcsimg

Lurchen ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Lurchen, och nach Amphibië genannt, sinn eng Klass vun de Wierbeldéieren (Vertebrata) mat ronn 6200 bekannten Aarten.

Hire wëssenschaftlechen Numm kënnt vum griicheschen ἀμφί, amphi = op béid Säiten an βίος, bios = Liewen. Dëst kënnt dohier well d'Larven, oder Kauzekäpp vun deene meeschte Lurchen am Waasser liewen, duerno awer, no enger Metamorphos, d'Waasser verloosse fir um Land ze liewen.

Vill erwuesse Lurche liewen awer weider souwuel am Waasser wéi um Land. Alleguer musse si zumindest op fiichte Plaze liewen, fir hire Kierper virun ze groussem Waasserverloscht ze schützen.

Kennzeeche vun de Lurchen

Systematik

 src=
E gepäipelte Mill

Lurchen zu Lëtzebuerg

Rezente Recherchen no, kommen zu Lëtzebuerg 13 Lurchenaarte vir.

Literatur

Proess, R. (éd.), 2003. Verbreitungsatlas der Amphibien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 37: 1-85.[1].

Um Spaweck

Commons: Amphibia – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Lurchen: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )