dcsimg

Ramm ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages
 src=
Verbreedung
Kreesch
 src=
En Ee

D'Ramm, och Grousse Kueb genannt (Corvus corax), ass e Vull vun der Gattung Kueben (Corvus), bannent der Famill vun de Kuebevullen (Corvidae).

Et ass déi bei wäitem gréisst Kuebenaart.

Wéi déi meescht Kuebe sinn d'Rammen Allesfrësser an Aasfrësser.

D'Déiere ginn no ronn 3 Joer geschlechtsräif; si liewen a feste Koppelen zesummen.

D'Eeër ginn Enn Februar/uganks Mäerz geluecht. Et sinn hirer dräi bis sechs, déi hellgréng mat groelzeg-olivbronge Tëppelen. Se si relativ kleng, 49,3 mm × 33,1 mm a weien ëm déi 27 g. No 19 bis 21 Deeg sinn s'ausgebréit, an déi kleng komme plakeg a blann op d'Welt. Si ginn ëm déi 6 Woche laang vun den Eltere gefiddert, a fléien dann Enn Abrëll/Uganks Mee aus dem Nascht fort. Si siche sech dann an engem Ëmkrees vu bis zu 200 km en neit Revéier.

Ramme kënnen iwwer 20 Joer al ginn, wa se gefaange sinn alt iwwer 40, wéi dat bei engem vun de Ramme vum Tower of London de Fall war.

Wéinst hirer Intelligenz an hirer Fähegkeet, ze léieren, sinn d'Rammen en heefegt Theema an der Mythologie an a Legendenen a Seeërcher, wéi och an der Literatur an an der Dichtung.

Literatur

  • U. N. Glutz v. Blotzheim, K. M. Bauer: Handbuch der Vögel Mitteleuropas. Bd. 13, Teil III, AULA-Verlag, Wiesbaden 1993, S. 1947–2022, ISBN 3-89104-460-7.
  • Lars Svensson, Peter J. Grant, Killian Mullarney, Dan Zetterström: Der neue Kosmos Vogelführer. Kosmos, Stuttgart 1999, S. 336–337. ISBN 3-440-07720-9.

Um Spaweck

Commons: Rammen – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Ramm: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages
 src= Verbreedung Kreesch  src= En Ee