dcsimg

Himmelsdéiercher ( Luxemburg )

tarjonnut wikipedia emerging languages

D'Himmelsdéiercher (Coccinellidae) sinn eng weltwäit verbreet Famill vun de Kiewerleken (Coleoptera), déi an Europa a 75 Gattungen an iwwer 250 Aarten an Ënneraarten optrieden. Weltwäit sinn d'Coccinellidae mat iwwer 5.500 Aarten a 490 Gattunge vertrueden. Charakteristesch sinn déi opfälleg punktfërmeg Zeechnungen op hiren Deckflilleken. Vill Aarten erniere sech vu Blatlais (Aphidoidea) a Schëldlais (Coccoidea).

D'Himmelsdéiercher si bei de Leit beléift, ënner anerem well si am Gaardebau an an der Landwirtschaft nëtzlech sinn, andeems en Individuum am Larvestadium bis zu 3.000 Planzelais oder Spannmilben friesse kann.

Bezeechnungen

Weider lëtzebuergesch Bezeechnunge fir d'Siwepunkt- an Zweepunkt-Himmelsdéierchen:

  • Am Luxemburger Wörterbuch[1]: Himmelskéichen, Himmelskrécher(chen), Hämelsdéierchen oder Härgottsdéierchen;
  • Beim Henri Klees (1981): Fléidéierchen, Gehaansdéierchen, Gehanesdéierchen, Hämel(s)déierchen, Hemel(s)déierchen, Härgottsdéierchen, Härgottsléichen, Härgottskréchel, Härgottskrécher(chen), Härgottsscheefchen, Hiinzekrécherchen, Marespäerdchen (Branebuerg), Maréisdéierchen (Wuelessen), Muttergottesdéierchen, Muttergotteskällefchen, Muttergotteskand.

Himmelsdéierchen heescht op Franséisch coccinelle oder bête à bon Dieu, op Däitsch Marienkäfer, op Englesch ladybird oder ladybug.

Heefeg Aarten

 src=
En asiatescht Himmelsdéierchen

En aktuelle Fall vu biologescher Invasioun

Zanter dem Joer 2000 verbreet sech an Europa dat Asiatescht Himmelsdéierchen, Harmonia axyridis (Pallas, 1773), déi invasiivst Aart vu Coccinellidae op der Äerd. D'Aart ass zanter dem Joer 2004 reegelméisseg zu Lëtzebuerg ze fannen.[2]

D'Himmelsdéiercher an der Kultur zu Lëtzebuerg

Et gëtt e lëtzebuergescht Lidd vum Willy Goergen a vum Théodore Decker mam Titel "Himmelsdéierchen, fléi!"[3].

D'Himmelsdéierchen am Awerglawen

  • Setzt sech am Laf vun engem eenzegen Dag dräimol en Himmelsdéierchen op déiselwecht Persoun, da gëtt déi ni méi vum Gléck verlooss.[5]
  • Erschéngt en Himmelsdéierche matzen am Wanter an engem Haus, da bedeit dat, datt d'Gléck dat Haus e Joer laang net méi verléisst. — Déi biologesch Erklärung vum onerwaarten Optriede vum Kiewerlek ass déi heiten: D'Himmelsdéiercher iwwerwanteren dacks an den Haiser, an do kann et alt virkommen, datt de Raum, wou si sinn, gehëtzt gëtt an datt si dann aus hirer Wanterlethargie (Winterstarre op Däitsch) erwächen a ronderëm krabbelen oder fléien.[5][6]
  • Flitt engem Meedchen en Himmelsdéierchen zou, da soll et d'Punkten op deem sengem Réck zielen. Souvill Punkte wéi drop sinn, souvill Joer dauert et nach, bis hatt Hochzäit feiere kann.[7]

Literatur

  • Klees, H., 1981. Luxemburger Tiernamen (inbegriffen, in 2. Auflage, die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen). Luxemburg (= Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV): 56.
  • Nimax, P., 1984. Mäi Land, mäi Lidd: Lëtzebuerger Lidder. [Fir Piano gesat vum Pierre Nimax; Nouteschrëft: Ady Mootz; Zechn.: Liane Nimax]. 67 S. RTL Edition, Impr. St. Paul, Luxembourg.
  • Reiffers, J., 1997. Les coléoptères coccinellidés de la vallée de la Moselle luxembourgeoise. Mémoire scientifique, Luxembourg, 135 S. BNL
  • Schartz, G., 1995. Les coccinelles (Insecta, Coleoptera) de plusieurs pelouses sèches du Luxembourg. Mémoire scientifique, Luxembourg, 139 S. BNL
  • Schneider, N. & A. J. M. Loomans, 2006. Sur la présence au Luxembourg de la coccinelle arlequin Harmonia axyridis (Pallas, 1773) (Insecta, Coleoptera, Coccinellidae). Bull. Soc. Nat. luxemb. 106: 71-74. PDF
  • Welter, Nikolaus, 1929. Das Luxemburgische und sein Schrifttum. 9., durchges. Aufl. 158 S. G. Soupert, Luxemburg.

Um Spaweck

Commons: Himmelsdéiercher – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Himmelsdéierchen Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen

Referenzen an Notten

  1. 1,0 1,1 Cf. Luxemburger Wörterbuch online
  2. Cf. Schneider & Loomans 2006 an der Literatur.
  3. Cf. Nimax 1984 an der Literatur.
  4. Cf. Welter 1929: 53 an der Literatur.
  5. 5,0 5,1 Mullenberger, A., 1932. Kleintiere als Gegenstände des Aberglaubens. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 42 (1932), S. 32s. [1]
  6. Kuckt och: Besuch beim Lampenschein. Escher Tageblatt 1943, Nr. 242 (15. Oktober), S. 3. [2]
  7. Marienkäferchen. Luxemburger Wort 1942, Nr. 128 (8. Mai), S. 3.
    Sieben Punkte… Escher Tageblatt 1943, Nr. 205 (2. September), S. 4. [3]
lisenssi
cc-by-sa-3.0
tekijänoikeus
Wikipedia Autoren an Editeuren
alkuperäinen
käy lähteessä
kumppanisivusto
wikipedia emerging languages

Himmelsdéiercher: Brief Summary ( Luxemburg )

tarjonnut wikipedia emerging languages

D'Himmelsdéiercher (Coccinellidae) sinn eng weltwäit verbreet Famill vun de Kiewerleken (Coleoptera), déi an Europa a 75 Gattungen an iwwer 250 Aarten an Ënneraarten optrieden. Weltwäit sinn d'Coccinellidae mat iwwer 5.500 Aarten a 490 Gattunge vertrueden. Charakteristesch sinn déi opfälleg punktfërmeg Zeechnungen op hiren Deckflilleken. Vill Aarten erniere sech vu Blatlais (Aphidoidea) a Schëldlais (Coccoidea).

D'Himmelsdéiercher si bei de Leit beléift, ënner anerem well si am Gaardebau an an der Landwirtschaft nëtzlech sinn, andeems en Individuum am Larvestadium bis zu 3.000 Planzelais oder Spannmilben friesse kann.

lisenssi
cc-by-sa-3.0
tekijänoikeus
Wikipedia Autoren an Editeuren
alkuperäinen
käy lähteessä
kumppanisivusto
wikipedia emerging languages