D'Fiichten (Picea) sinn eng Gattung an der Famill vun de Pinaceae.
Mat Ausnam vun Afrika komme se bal op der ganzer Nordhallefkugel vir.
Hir Blieder hunn d'Form vun enger Nol, se fille sech graff un, a bei villen Aarte si de pickeg. Si kënnen an der Haapfaarf gréng, gréng-giel, oder gréng-blozeg sinn. D'Sektioun ass bei villen Aarten entweder ronn, oder quadratesch. Si kënnen och am Ganze gréng sinn oder jee no Aart, dem laange Wee no wäiss, blo-wäiss, oder gro Bänner hunn. Wann d'Blieder ofgefall sinn, ass de jonken Aascht rau wéi eng Raspel.
De Som bilt sech an den Zapen, déi ëmmer no ënnen hänken, wat se vun den Dännenzapen ënnerscheet, déi um Schotz an d'Luucht stinn. D'Zappe fille sech mëll, liedereg un. Wann se zeideg sinn, si se brong, bei der Sitkafiicht wäiss, a soss alt emol purpurfaarweg. Se ginn all an engem Joer zeideg, a bleiwen ni zwee Joer um Bam hänken. Déi meescht Zape ginn op, wann se dréchnen, mat Ausnam vu P. sitchensis, P. pungens'Glauca' a P. jezoenis.
D'Schuel ass dënn, a schuppeg, an nëmme bei ganz ale Beem kritt se Furen a Rëss.
Et gëtt ongeféier 50 Aarten. Déi bekanntst dovun zu Lëtzebuerg sinn:

Gewéinlech Fiicht: Picea abies (L.) Karst. (= P. excelsa Link) Omorikafiicht oder serbesch Fiicht: Picea omorika (Pančić) Purkyne Sitkafiicht: Picea sitchensis (Bong.) Carr Sibiresch Fiicht: Picea obovata Ledeb.