Phylloscopus inornatus ass de wëssenschaftlechen Numm[1] vun engem Sangvugel aus der Famill vun de Phylloscopidae, deem säi Bruttgebitt sech vum Ural aus no Osten duerch ganz Sibirien bis a China zitt.
Dës Vigel friesse virun allem kleng Insekten an aner wierbellos Déieren.
D'Aart iwwerwantert a Südostasien, zu engem klengen Deel awer och a Westeuropa.
Zu Lëtzebuerg ass d'Aart e seelene Gaascht am September an Oktober, wärend der Hierschtwanderung[2][3]
Mat enger Gréisst vun 9,0 bis 11 cm an engem Gewiicht vu 4-9 g ass dëse Vugel ee vun de klengsten aus senger Gattung. De Réck ass gro-gréng, d'Broscht an de Bauch si knaschteg wäiss. Opfälleg sinn déi zwou giel Sträifen op de Flilleken. Iwwer dem A fält eng breet hellgiel Sträif op, duerch d'A selwer leeft eng däischter Sträif. D'Bee si brong-rosa gefierft.
De Schniewel ass dënn a spatz, woumat en un d'Fänke vun Insekten ugepasst ass.
De Gesank besteet aus relativ kuerze Strophen, déi wéi „zii zwiiwiist ziih“ oder „tsitsi-tsui itsui-it seee“ kléngen. D'Kontaktruffer sinn héich an dënn, awer relativ wäit ze héieren. Si bestinn aus jee engem ee- bis zwéisilbege Ruffen oder Päifen, wat ongeféier wéi „tsuii“ oder „tsuiist“ kléngt an domat e bëssen un d'Dännemeess erënnert.
D'Bruttgebitt zitt sech vum Ural aus no Osten duerch Sibirien bis a China. Déi eenzeg net asiatesch Populatioune bréien an enger Sträif just westlech vum Ural; 1990 gouf hier Zuel do op zirka 45.000 Koppele geschat.[4]
D'Haaptiwwerwanterungsgebitt läit am subtropeschen an tropesche Südostasien, a reecht am Oste bis an de Bangladesch an Nordostindien. Den Zuch nom Bréie fänkt Enn Juli bis Ufank August un an zitt sech bis Mëtt September.
A klenger Zuel iwwerwantert d'Aart reegelméisseg a Westeuropa, virun allem a Groussbritannien, a soss laanscht Küste vum Nordmier a vum Baltesche Mier. Et gëtt ugeholl, datt dës Vigel aus dem Bruttgebitt just westlech vum Ural kommen.[4]
Am europäesche Banneland hale se sech nëmmen ausnamsweis op.
Den Zuch zréck an d'Bruttgebitt fänkt Enn Mäerz un an dauert bis Mee-Ufank Juni.
D'Aart kënnt a grousser Zuel an hirem Verbreedungsgebitt vir a gëtt dofir vun der IUCN an der Kategorie "Net bedreet Aarten" gefouert.[5]
Zu Lëtzebuerg ass d'Aart e seelene Gaascht wärend dem Zuch am September an Oktober a gouf bis elo eréischt aachtmol nogewisen, dat all Kéier mat engem eenzegen Individuum[6], fir d'lescht bei enger Beréngungsaktioun am Schëfflenger Brill (Enn September 2011)[7] D'Zuchvigel gebrauchen d'Fiichtgebidder, déi dacks vun den Ornithologe mat Tankststelle verglach ginn, fir ënnerwee ze raschten a Reserven unzeleeën.
Am Bruttgebitt lieft d'Aart a Bëscher an an oppene Bëschlandschaften, dat vun de Flossdäller bis erop an d'Bierger.
Um Zuch halen d'Vigel sech gären a Bëscher an de Flossdäller, a Fiichtgebidder, an der Strand-Vegetatioun, an och a Parken a Gäert op.
Si friesse virun allem kleng Insekten an aner wierbellos Déieren, déi se an de Kroune vun de Beem oder an der Strauchvegetatioun fannen.
Fréier goufen dräi Ënneraarten ënnerscheet, wouvun der haut zwou - P. inornatus humei an P. inornatus mandellii- zesummen als separat Aart (P. humei) gefouert ginn, dat op Grond vun Ënnerscheeder an der Morphologie, dem Gesank an och molekularen (genetesche) Merkmaler.
D'Verbreedungsgebidder vum Phylloscopus inornatus an dem Psyllocopus humei iwwerlappe sech, mä déi zwou Aarte reproduzéiere sech net ënnereneen. Et gëtt ugeholl, datt déi zwou Aarten duerch Opspléckung aus enger Stammaart virun ongeféier 2,5 Millioune Joren entstane sinn.[8]
Phylloscopus inornatus ass de wëssenschaftlechen Numm vun engem Sangvugel aus der Famill vun de Phylloscopidae, deem säi Bruttgebitt sech vum Ural aus no Osten duerch ganz Sibirien bis a China zitt.
Dës Vigel friesse virun allem kleng Insekten an aner wierbellos Déieren.
D'Aart iwwerwantert a Südostasien, zu engem klengen Deel awer och a Westeuropa.
Zu Lëtzebuerg ass d'Aart e seelene Gaascht am September an Oktober, wärend der Hierschtwanderung