dcsimg

Capybara ( اللوكسمبورغية )

المقدمة من wikipedia emerging languages

D'Capybara oder Waasserschwäin (Hydrochoerus hydrochaeris) ass eng Mamendéierenaart aus der Famill vun de Mierschwéngercher (Caviidae). Zesumme mam Panama-Capybara (Hydrochoerus isthmius) bilt et d'Gattung Hydrochoerus. Et ass dat gréisst Knabberdéier dat haut lieft.

D'Capybara wunnt a fiichte Regioune vu Südamerika an ass vum Kierperbau hier optimal un seng Liewensweis, déi sech eng grouss Zäit am Waasser ofspillt, ugepasst: Et huet Schwammhait tëscht den Zéiwen; an d'Aen, d'Oueren an d'Nueslächer sinn op enger Linn, sou datt et de Kapp bal ganz ënner Waasser zappe kann.

Erwuessen Exemplairë gi vu Kapp bis Hënner 100 bis 134 Zentimeter laang an op der Schëller 50 bis 62 Zentimeter héich, woubäi d'Weibchercher eppes méi grouss sinn. Si kënne bis zu 75 Kilogramm schwéier ginn.

ترخيص
cc-by-sa-3.0
حقوق النشر
Wikipedia Autoren an Editeuren
النص الأصلي
زيارة المصدر
موقع الشريك
wikipedia emerging languages