dcsimg

Wäisse Stuerk ( Lüksemburgca )

wikipedia emerging languages tarafından sağlandı

De Wäisse Stuerk (Ciconia ciconia) ass eng Zuchvullenaart aus der Famill vun de Stuerken (Ciconiidae).

Morphologie

Wäiss Stuerke si ronn 80 bis 100 cm laang an hunn eng Fligelspanwäit vun 200 bis 220 cm. Si hu wäiss Fiederen um Kierper, déi un de Flilleke si schwaarz. De Schniewel an d'Patte si roudelzeg. Wäiss Stuerken hunn e Gewiicht vun enger 2,5 bis 4,5 kg. Si hu keng haart Stëmm, dofir verstännege se sech doduerch, datt se mat hirem Schniewel klabberen.

Ernierung

De Wäisse Stuerk frësst klengt Gedéiesch, dat en um Buedem fënnt, wann en duerch d'Wisen an d'Suppe stuerkt, an dann op een Zock mat sengem Schniewel paakt: Reewierm, Insekten, Fräschen, Mais, Fësch, Schlaangen an och alt emol Déierekadaveren, a seelen d'Eeër oder d'Brutt vun aner Vullenaarten, déi um Buedem bréien.

Habitat

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 src=
Gréng: Bruttgebidder
Blo: Iwwerwanterungsgebidder
Rout: Zuchrouten.

Migratioun

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Stuerk a Fabelen an an der Literatur

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Stuerk zu Lëtzebuerg

 src=
Eng Stuerkekoppel op der Lameschmillen beim Naschtbau, 2013.

Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert era war de Wäisse Stuerk zu Lëtzebuerg geleefeg. Duerno huet en do als ausgestuerwe gegollt. 2013 konnt op der Lameschmillen, am Naturschutzgebitt Dumongshaff, eng éischt Kéier nees eng Koppel observéiert ginn, déi do hiert Nascht gebaut huet, an zwee (ufanks véier) Jonker opgezillt huet.[1]

2014 gouf de Wäisse Stuerk vun der Asbl natur&ëmwelt als "Vull vum Joer" erausgesicht.[2]

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ciconia ciconia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Der Weißstorch: ein sympathischer Vogel zurück in Luxemburg." op naturemwelt.lu (gekuckt: 2014-06-16).
  2. Cf. Lorgé, Patrick, 2014. De Wäisse Stuerk: Vogel des Jahres 2014. Regulus 4: 16-17.
lisans
cc-by-sa-3.0
telif hakkı
Wikipedia Autoren an Editeuren

Wäisse Stuerk: Brief Summary ( Lüksemburgca )