dcsimg

Afebam ( луксембуршки )

добавил wikipedia emerging languages

Den Afebam, Araucaria araucana, oder Chileenesch Araucaria, op Englesch geleefeg Monkey-Puzzle genannt, ass e Bam aus der Famill vun den Araukarieplanzen, dee vun Natur aus am Chile, an do haaptsächlech an der Región de la Araucanía, an an Argentinien an den Anden virkënnt.

Fossilen déi fonnt goufen, hunn et erlaabt déi éischt Afebeem op 50 Millioune Joer zréckzedatéieren. Domat gehéieren d'Afebeem zu den eelste Bamfamillen op der Welt.

Den Afebam gouf an Europa vum Dokter a Biolog Archibald Menzies géint d'Joer 1795 bekannt gemaach.

De Bam ka bis 50 Meter héich ginn. An Europa ass e mat dem Frascht geplot, a wiisst nëmme gutt a Géigenden, an deenen et net ze kal gëtt, wéi am Süde vun England an op de britteschen Inselen. Wéinst sengem exoteschen Habitus ass en als Park- an Dekoratiounsbam beléift, an dat besonnesch a klenge Virgäert well en net ze séier wiisst (bis 30 cm am Joer). D'Beem gi ganz al soudatt et Exemplare gëtt, déi iwwer 1 000 Joer al sinn.

 src=
Afebam mat Friichten
 src=
Detail vun de Friichten
 src=
Detail vun den Äscht

Um Spaweck

Commons: Afebam – Biller, Videoen oder Audiodateien
лиценца
cc-by-sa-3.0
авторски права
Wikipedia Autoren an Editeuren
изворно
посети извор
соработничко мреж. место
wikipedia emerging languages