Den Iesel ass en Hausdéier, dat weltwäit verbreet ass. Hie staamt vum afrikaneschen Iesel of a gouf eréischt virun 3000 Joer domestizéiert.
Dem Heng Klees no huet hen nach follgend Nimm: Esel, Laangouer. D'Ieselin resp. Eselin ass dee weiblechen Iesel. De Kéizeniesel ass en Iesel, deen zwéi Kierf dréit. Op Däitsch heescht d'Déier "Esel", op Franséisch "âne".
D'Mauldéierl (de.: Maultier; fr.: mulet) ass den Nokomme vun engem Iesel an enger Mier. De Contraire ass de Mauliesel, och Stäniesel (de.: Maulesel; fr.: bardot), den Nokomme vun engem Hengscht an enger Ieselin.
Mauldéiere kënne keng Nokomme produzéieren, well si selwer schonn Hybride sinn. Si loosse sech méi einfach zille wéi Stänieselen, si méi zéi a ginn doduerch gären als Drodéieren agesat, kënnen awer och geridde ginn.
D'Symbol vun der Stad Dikrech ass den Iesel, dofir steet den Ieselsbur an der Groussgaass.