dcsimg

Lupinus polyphyllus ( Lussemborghèis; Letzeburgesch )

fornì da wikipedia emerging languages
 src=
Verschidde Bléiefaarwen

D'Gaardelupin (Lupinus polyphyllus) ass eng Planzenaart vun der Gattung Lupinen, bannent der Famill vun de Fabaceae. Si kënnt ursprénglech aus dem Weste vun Nordamerika, vun Alaska a British Columbia bis erof a Kalifornien an Utah. Si ass do op fiichte Plazen, laanscht Waasserleef oder Strooossgrief, ze fannen.

Si gouf am 19. Joerhonnert als Gaardenzierplanz iwwer England an Europa agefouert, ma verbreet sech och wëll, als en Neophyt, an der Natur doruechter.

Et ass eng krauteg, bestänneg Planz, déi tëscht 60 cm an 1,5 m héich ka ginn. Hir Bléien, déi wéi eng Drauwekludder um Still hänken, si bloelzeg-mof, heainsdo och rosa oder wäiss.

Biller

Um Spaweck

Commons: Lupinus polyphyllus – Biller, Videoen oder Audiodateien
licensa
cc-by-sa-3.0
drit d'autor
Wikipedia Autoren an Editeuren

Lupinus polyphyllus: Brief Summary ( Lussemborghèis; Letzeburgesch )

fornì da wikipedia emerging languages
 src= Verschidde Bléiefaarwen