Milben (Acari) sinn eng Ënnerklass vun de Spannendéieren (Arachnida) am Stamm vun den Arthropoden. Mat ronn 50.000 bekannten Aarten a 546 Familljen[1] sinn d'Milben déi Grupp vu Spannendéiere mat deene meeschten Aarten.
Déi klengst Milbe si just 0,1 Millimeter grouss, wärend d'Zecken, bei deenen d'Weibercher vollgesuckelt bis zu 3 cm déck kënne ginn, déi gréisst sinn. Si hunn, wéi d'Wiefspannen, aacht Been, och wann hir Larv der dacks just 6 huet.
Etlech vun de Milbenaarte benotzen aner Déieren, wéi z. B. Insekten, als Transportmëttel. Eng tropesch Aart, d' Archegozetes longisetosus, ass a Relatioun zu hirer Gréisst, dat stäerkst Déier vun der Welt: si ka bal dat 1200-facht vun hirem eegene Gewiicht packen.[2]
Et gëtt Milben, déi lieweg Déiere joen, wärend anerer blann sinn.[3].
Milbe gëtt et a ville Liewensraim. Ronn d'Hallschent vun de bekannten Aarte liewen am Buedem, wou bei gudde Konditiounen honnertdausend Milbe pro Quadratmeter Plaz an ze Friesse fannen. Et gëtt der och, déi méi aussergewéinlech Habitater hunn, wéi d'Longe vun Afen, d'Nueslächer vu Vullen, oder d'Tracheenëffnunge vun Insekten. Och déi meescht Mënschen hu Milben, z. B. bei den Hoerwuerzele vun de Wimperen. D'Waassermilben (Hydrachnidia), mat ronn 5000 Aarten, liewen haaptsächlech am Séisswaasser awer och an am Mier.
Jee no Aart ernieren d'Milbe sech vun Déieren, déi se fänken, vu Planzen oder Pilzen, oder awer vun doudegen Déieren oder Tissu, deen ofgestuerwen ass (wéi z. B. Hautzellen). Et gëtt och vill Milben, déi als Parasitte liewen.
Erkrankungen duerch Milbe ginn Acariose genannt.
Besonnesch d'Hausstëbsallergie kënnt bei Allergiker dacks vir; si gëtt duerch d'Exkrementer vun der Hausstëbsmilb ausgeléist.
D'Krätzdéierche buere Gäng an d'Haut vun hirem Wiert a leeën duer hir Eeër, wat beim Betraffenen e staarke Bass produzéiert. D'Larven, déi aus den Eeër erauskommen, ergi beim Mënsch d'Krankheetsbild vum Krätz, bei Déiere schwätzt ee vu Rëffegkeet.
Bei Hunnegbeie provozéiere verschidde Milben, wéi z. B. d'Varroamilb déi sougenannt Varroose, déi ganz Beievëlker schwächt an ausstierwen deet.
Aner Milbenaarte kënnen duerch hiert Bäissen Fleckféiwer, Rickettsipouken, Tularämie an d'Saint-Louis-Enzephalitis iwwerdroen. D'Vertrieder vun der Ënneruerdnung vun den Zecke kënne beim Bluttsuckele geféierlech Krankheeten iwwerdroen, wéi d'viral Meningite d'Krim-Kongo-Féiwer, Fleckféiwer oder d'Borreliose.
Vill Raubmilbe gi vum Mënsch als nëtzlech ugesinn, well se Schädlingen an der Landwirtschaft an am Gaardebau verdillegen. Dofir ginn s'alt an Zären ënner kontrolléierte Bedingunge geziicht.[4] Eng bestëmmt Aart (Thyroplyphus siro[5], virdrun: Tyroglyphus casei) gëtt als Notzdéier geziicht, fir bei der Produktioun vu Milbekéis ze "hëllefen".
Déi sechs Uerdnunge vun de Milbe ginn an zwou Iwweruerdnungen zesummegefaasst:[6]
Milben (Acari) sinn eng Ënnerklass vun de Spannendéieren (Arachnida) am Stamm vun den Arthropoden. Mat ronn 50.000 bekannten Aarten a 546 Familljen sinn d'Milben déi Grupp vu Spannendéiere mat deene meeschten Aarten.