De Bampiipsert, Anthus trivialis, ass e Vull, deen heefeg zu Lëtzebuerg ze fannen ass vu Mëtt Abrëll bis Enn September.
De Vull huet am Lëtzebuergeschen e puer Nimm:
De Bampiipsert ass iwwer de Réck gréngelzeggro mat schwaarze Stréchelcher, an op der Broscht gielzeg mat dräieckege Flecken. E lieft um Bord vun de Bëscher an e baut säin Nascht meeschten um Buedem aus Moser, Hällem. Bannendra kleet en d'Nascht dacks mat Hoer vun Déieren aus. E britt zweemol am Joer, a leet all Kéier bis zu 5 Eeër. En ass liicht wärend dem Balzfluch z'erkennen u sengem typeschen „Ziziziwiswis terrziä ziä ziä“.
De Bampiipsert, Anthus trivialis, ass e Vull, deen heefeg zu Lëtzebuerg ze fannen ass vu Mëtt Abrëll bis Enn September.