dcsimg

Bandikurat ( Luxemburg )

tarjonnut wikipedia emerging languages

D'Bandikurate si Raten a Südostasien. Si kënne bis 60 cm laang ginn, a bis 1,5 Kilo schwéier. Um Réck si se hellgro, brong oder schwaarz an ënner dem Bauch knaschtegwäiss.

D'Bandikurate gruewen ënnerierdesch Schlëff, mat hire viischte Patten, déi grouss Krallen hunn. An dëse Bai, déi mateneen duerch Gäng verbonne sinn, sinn eng Schlofkummer an e puer Kummere fir Fudderreserven. De lassene Buedem gëtt aus dem Bau transportéiert an opgekéipt. Als Fudder sammele se Friichten, Kären a Knollen.

Si verloossen hire Bau prakresch nëmmen nuets, a wann se gestéiert ginn da ginn se e schaarfen helle Toun vu sech.

D'Bandikurate gehéieren a Südostasien zu deeene geféierlechsten a schiedlechste Knabberdéieren.

Zwou Aarte sinn Iwwerdréier vu Krankheeten:

  • Déi eigentlech Bandikurat (Bandicota indica) iwwerdréit d'Leptospiros.
  • D'Indesch Pescht- oder Maulefsrat (Bandicota bengalensis) ass andauernd vun der Pescht infizéiert.

Um Spaweck

lisenssi
cc-by-sa-3.0
tekijänoikeus
Wikipedia Autoren an Editeuren
alkuperäinen
käy lähteessä
kumppanisivusto
wikipedia emerging languages

Bandikurat: Brief Summary ( Luxemburg )

tarjonnut wikipedia emerging languages

D'Bandikurate si Raten a Südostasien. Si kënne bis 60 cm laang ginn, a bis 1,5 Kilo schwéier. Um Réck si se hellgro, brong oder schwaarz an ënner dem Bauch knaschtegwäiss.

D'Bandikurate gruewen ënnerierdesch Schlëff, mat hire viischte Patten, déi grouss Krallen hunn. An dëse Bai, déi mateneen duerch Gäng verbonne sinn, sinn eng Schlofkummer an e puer Kummere fir Fudderreserven. De lassene Buedem gëtt aus dem Bau transportéiert an opgekéipt. Als Fudder sammele se Friichten, Kären a Knollen.

Si verloossen hire Bau prakresch nëmmen nuets, a wann se gestéiert ginn da ginn se e schaarfen helle Toun vu sech.

D'Bandikurate gehéieren a Südostasien zu deeene geféierlechsten a schiedlechste Knabberdéieren.

Zwou Aarte sinn Iwwerdréier vu Krankheeten:

Déi eigentlech Bandikurat (Bandicota indica) iwwerdréit d'Leptospiros. D'Indesch Pescht- oder Maulefsrat (Bandicota bengalensis) ass andauernd vun der Pescht infizéiert.
lisenssi
cc-by-sa-3.0
tekijänoikeus
Wikipedia Autoren an Editeuren
alkuperäinen
käy lähteessä
kumppanisivusto
wikipedia emerging languages