dcsimg

Panthermouk ( Lüksemburgca )

wikipedia emerging languages tarafından sağlandı

D'Panthermouk (Bufo regularis) gehéiert zu der Famill vun de Mouken (Bufonidae) an doran zu der Gattung vun den Echten Mouken (Bufo). Si stellt "déi" typesch afrikanesch Mouk duer.

Beschreiwung

Déi weiblech Panthermouk ka bis zu 13 Zentimeter grouss ginn, déi männlech ass däitlech méi kleng. Hir Haut ass eenheetlech hell- bis donkelbrong. An der Paarungszäit geet d'Faarf vun de männlechen an dat Gielt iwwer. D'Pupille vun den Ae sinn horizontal. Déi waarzeleg Knubbelen um Réck produzéiere bei Opreegung a Gefor eng Flëssegkeet déi, wéi bei alle Mouke gëfteg ass.

Panthermouke sinn an der Schummerecht aktiv a se verstoppe sech dagsiwwer am Sand oder ënner Steng. Se kënne bis 7 Joer al ginn.

lisans
cc-by-sa-3.0
telif hakkı
Wikipedia Autoren an Editeuren

Panthermouk: Brief Summary ( Lüksemburgca )