dcsimg
Image of Trichinium manglesii
Unresolved name

Dicotyledones

Dikotyledonen ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Dikotyledonen, oder déi dikotyl Planzen (la: Dicotyledoneae, Magnoliatae, dacks och Magnoliopsida), sinn eng vun zwou Klasse vun de Bléieplanzen. Et si Planze mat zwee Kéngblieder (wëssenschaftlech: cotyledonis), am Géigesaz zu der anerer Klass Monokotyledonen (Monocotyledoneae/Liliopsida), déi just ee Kéngblad hunn.

Haut sinn ëm déi 200.000 Aarte vun den Dikotyledone bekannt. Déi gréisst Famill vun den dikotyle Planze sinn d'Asteraceae mat ronn 33.000 Aarten, an et ass och déi gréisst Famill vun de Bléieplanzen.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren