dcsimg

Europäesche Maulef ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

Den Europäesche Maulef (Talpa europaea) ass e Mamendéier aus der Famill vun de Maulefen (Talpidae) bannent der Uerdnung vun den Insektefrësser (Eulipotyphla). Et ass deen eenzege Vertrieder vu senger Famill a Mëtteleuropa.

 src=
Skelett
 src=
viischt Patt

Beschreiwung a Liewesweis

Den Europäesche Maulef huet e groen, wollege Pelz a gëtt 10 bis 17 Zentimeter grouss, de Schwanz gëtt 2 bis 4,5 Zentimeter laang an huet manner Hoer. Erwuessen Déiere weien tëscht 60 an 120 Gramm. En huet e walzefërmege Romp, e ganz kuerzen Hals an e spatze Kapp. Seng viischt Patte si perfekt adaptéiert fir ze gruewen an ze schëppen. En huet kleng Aen, déi am Pelz verstoppt sinn, a mat deenen en héchstens hell an däischter ënnerscheede kann. En huet och keng Oueremuschelen. Dofir huet hie Vibrissen am Gesiicht, dat heescht Hoer, mat deenen en taaschte kann. D'Gebëss, mat schaarfen Zänn, ass un e Fleeschkascht ugepasst.

En erniert sech vu Reewierm an Insekte wéi Kiewerleken an Diopteren, a vun deenen hire Larven. E Maulef muss am Dag säin halleft bis ganzt Kierpergewiicht un Iesse verdrécken.

Hie verbréngt de groussen Deel vu sengem Liewen ënnert dem Buedem, an engem System vu Galerien, déi e grueft. Sou e Revéier ass tëscht 4 a 35 Ar grouss. De Buedem, deen en ausgrueft, gëtt op Maulefskéip op der Uewerfläch opgeheeft. E ka mat enger Vitess vun 1 m/sec duerch déi Gäng ditzen. Säi Leeër ass an enger Kummer, déi méi déif ass wéi déi aner Galerien, an ass mat Blieder ausgepolstert.

Säi Friesse fënnt hie beim Gruewen, oder wann en duerch d'Galerien trëppelt, oder och, méi seelen, op der Äerduewerfläch.

Verbreedung an Habitat

 src=
Verbreedungsgebitt

Dem Europäesche Maulef säi Verbreedungsgebitt geet vu Groussbritannien (ouni Irland) a grouss Deeler vu Mëttel- an Osteuropa (déi temperéiert Klimazonen) bis a Sibirien, an d'Géigend vun de Flëss Ob an Irtysch. Säin Habitat si Biedem, déi net ze dréche sinn, a Wisen, Bëscher an och d'Kulturland.

Fortplanzung

Den Europäesche Maulef, dee soss en Eenzelgänger ass, verkoppelt sech tëscht Mäerz an Abrëll, ënnert oder iwwert dem Buedem. No 4 Woche kommen 2 bis 7 (meeschten 3 bis 4) Jonker op d'Welt. Dës sinn ufanks plakeg a blann, a gi 4 bis 6 Woche vun der Mamm geniert. No ongeféier zwee Méint gi se vun der Mamm aus dem Revéier verdriwwen. Dat Joer drop si se geschlechtsräif. E kann dräi bis véier, héchsten fënnef Joer al ginn.

De Maulef zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ass de Maulef heefeg ze gesinn an en ass uerchter d'ganzt Land a Bëscher, Parken, Gäert, Felder a Wisen ze fannen. Op stengegen an ze sandege Biedem feelt en, grad sou wéi op Biedem mat Staunätz oder an Dännebëscher.

Literatur

  • Konrad Herter: Die Insektenesser. In: Bernhard Grzimek (Hrsg.): Grzimeks Tierleben. Enzyklopädie des Tierreichs. Band 10: Säugetiere. Teil 1. Deutscher Taschenbuch Verlag, München 1979, ISBN 3-423-03206-5, S. 169–232.
  • Kenneth Mellanby: The Mole. Taplinger Publishing Co., New York NY 1973, ISBN 0-8008-5316-4.
  • Günter R. Witte: Der Maulwurf. Talpa europaea (= Die neue Brehm-Bücherei. Bd. 637). Westarp Wissenschaften, Magdeburg 1997, ISBN 3-89432-870-3
  • Schley, L. & Herr, J.: Säugetiere Luxemburgs, Hengen Print & More, Lëtzebuerg 2018, S. 116-117. ISBN 978-2-9199511-0-9

Um Spaweck

Commons: Talpa europaea – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Europäesche Maulef: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

Den Europäesche Maulef (Talpa europaea) ass e Mamendéier aus der Famill vun de Maulefen (Talpidae) bannent der Uerdnung vun den Insektefrësser (Eulipotyphla). Et ass deen eenzege Vertrieder vu senger Famill a Mëtteleuropa.

 src= Skelett  src= viischt Patt
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren