Aurelia aurita ass déi gängegst Aart aus der Klass vun de Scyphozoa.
Si ass praktesch iwwerall an de Weltmierer, vu ronn 70° Nord bis ongeféier 55° Süd ze fannen, deemno och am Atlantik, dem Nordmier, dem Baltesche Mier an dem Mëttelmier.
D'Aurelia aurita huet e flaach gewëllefte Schierm, deen ongeféier 20 bis 30 cm grouss ass, mat véier rankfërmegen, brong-roude Geschlechtsorganer a véier brongelzege Mond-Äerm, déi riicht erofhänken. De Schierm ass wäisselzeg bis gielzeg.
Se beweege sech virun, andeems de Schierm sech zesummenzitt, sou datt, nom Prinzip vum Réckstouss, d'Waasser no bausse gedréckt gëtt. Dobäi schwamme se da queesch no uewen, fir sech dann nees e Stéck no ënne falen ze loossen. Dofir fënnt ee se dacks no bei der Uewerfläch vum Mier. Mat deem Prinzip kënne se bis zu 10 km an der Stonn schwammen. Dacks loosse se sech awer och einfach mat der Stréimung virundreiwen.
No der Befruchtung ginn d'Eeër an d'oppe Waasser geluecht. An engem fréie Stadium entwéckele sech aus der Gastrula déi sougenannt mobil Planulalarven. Déi sëtze sech um Buedem fest a bilden e Polyp, dee sech duerch Strobilatioun vermehrt. Sou entstinn Ephyralarven, déi just e puer Millimeter grouss sinn. Aus deene ginn dann déi erwuesse Jelliskäpp.
Aurelia aurita ass déi gängegst Aart aus der Klass vun de Scyphozoa.
Si ass praktesch iwwerall an de Weltmierer, vu ronn 70° Nord bis ongeféier 55° Süd ze fannen, deemno och am Atlantik, dem Nordmier, dem Baltesche Mier an dem Mëttelmier.
D'Aurelia aurita huet e flaach gewëllefte Schierm, deen ongeféier 20 bis 30 cm grouss ass, mat véier rankfërmegen, brong-roude Geschlechtsorganer a véier brongelzege Mond-Äerm, déi riicht erofhänken. De Schierm ass wäisselzeg bis gielzeg.
Se beweege sech virun, andeems de Schierm sech zesummenzitt, sou datt, nom Prinzip vum Réckstouss, d'Waasser no bausse gedréckt gëtt. Dobäi schwamme se da queesch no uewen, fir sech dann nees e Stéck no ënne falen ze loossen. Dofir fënnt ee se dacks no bei der Uewerfläch vum Mier. Mat deem Prinzip kënne se bis zu 10 km an der Stonn schwammen. Dacks loosse se sech awer och einfach mat der Stréimung virundreiwen.
EntwécklungsstadienNo der Befruchtung ginn d'Eeër an d'oppe Waasser geluecht. An engem fréie Stadium entwéckele sech aus der Gastrula déi sougenannt mobil Planulalarven. Déi sëtze sech um Buedem fest a bilden e Polyp, dee sech duerch Strobilatioun vermehrt. Sou entstinn Ephyralarven, déi just e puer Millimeter grouss sinn. Aus deene ginn dann déi erwuesse Jelliskäpp.