D'Kräizotter (Vipera berus), op Franséisch "Vipère bérus" an op Däitsch "Kreuzotter", ass eng Gëftschlaang aus der Famill vun de Viperen (Viperidae). Vun alle Viperen huet d'Kräizotter dat gréisst an nërdlechst Verbreedungsgebitt. Si ass déi eenzeg Schlaangenaart, déi een nërdlech vum nërdleche Polarkrees begéine kann.
Dem Henri Klees no heescht d'Kräizotter an der Géigend vun Zolwer "Wipper".[1]
D'Kräizotter konnt bis haut nach net zu Lëtzebuerg nogewise ginn. D'Schléngnatter gëtt reegelméisseg mat der Kräizotter verwiesselt an d'Aart huet dorënner ze leiden, well d'Leit se aus Angscht direkt ëmbréngen, wa se eng gesinn.
D'Kräizotter (Vipera berus), op Franséisch "Vipère bérus" an op Däitsch "Kreuzotter", ass eng Gëftschlaang aus der Famill vun de Viperen (Viperidae). Vun alle Viperen huet d'Kräizotter dat gréisst an nërdlechst Verbreedungsgebitt. Si ass déi eenzeg Schlaangenaart, déi een nërdlech vum nërdleche Polarkrees begéine kann.
Dem Henri Klees no heescht d'Kräizotter an der Géigend vun Zolwer "Wipper".