De Gewéinlechen Tëntefësch (Octopus vulgaris) ass eng Aart aus der Famill vun den Octopodidae. Si kënnt am ëstlechen Atlantik vum Mëttelmier bis virun d'Küst vu Senegal vir, an och ronderëm den Inselen déi do sinn,[1] an och am westlechen Atlantik[2].
Den O. vulgaris kann eng Kierperlängt vu bis zu 25 cm erreechen, mat Äerm, déi bis zu 1m laang ginn.[1] All Joer gi méi wéi 20.000 Tonnen O. vulgaris virun der Nordwestküst vun Afrika gefaangen.[1]
De Gewéinlechen Tëntefësch jot, wann et ufänkt däischter ze ginn, virun allem Krabben, Kriibsen a Muschelen. E ka seng Faarf der Ëmgéigend upassen. E fänkt seng Beit, andeems e mat sengem Spaut e Gëft ausstéisst, a se da mat sengen Tentakele gräift.
De Gewéinlechen Tëntefësch ass déi Aart vun Tëntefësch déi am beschten erfuerscht ass. Experimenter hu gewisen, datt en och relativ intelligent ass, sou kann en z. B. en Amaachglas opschrauwen, fir un eng Belounung ze kommen, déi dran ass. Si hunn et och eraus, wéi een an Hommard-Falen eran- an nees erauskënnt (nodeem den Hommard gefriess gouf).
De Gewéinlechen Tëntefësch (Octopus vulgaris) ass eng Aart aus der Famill vun den Octopodidae. Si kënnt am ëstlechen Atlantik vum Mëttelmier bis virun d'Küst vu Senegal vir, an och ronderëm den Inselen déi do sinn, an och am westlechen Atlantik.