dcsimg

Julus thomasii ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

De Julus (Iulus) thomasii ass eng Dausendféisseraart aus der Gattung Julus an der Famill vun de Julidae. Se gouf 1895 vum britteschen Zoolog Reginald Innes Pocock beschriwwen[1].

Et ass eng Aart déi als endeemesch zu Monaco ugesi gëtt. Se gesäit wéi Julus mediterraneus aus, a lieft a Kolonië wéi déi Aart[2].

De Kierper ass robust a schmuel, ronn 30–50 mm laang a ronn 5–6 mm breet. Den Uewerkierper ass däischtergro, de Kapp an d'Antenne sinn olivgréng. D'Bee si stuppeg, a giel. D'Männercher si méi schmuel wéi d'Weibercher, a se hu méi laang Antenne wéi d'Weibercher[2].

Referenzen

  1. http://www.millibase.org/aphia.php?p=taxdetails&id=941744
  2. 2,0 2,1 Pocock, R. I. (1894). Contributions to the knowledge of the Diplopoda of Liguria. Annali del Museo civico di storia naturale di Genova, serie 2, 14: 514–515
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Julus thomasii: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

De Julus (Iulus) thomasii ass eng Dausendféisseraart aus der Gattung Julus an der Famill vun de Julidae. Se gouf 1895 vum britteschen Zoolog Reginald Innes Pocock beschriwwen.

Et ass eng Aart déi als endeemesch zu Monaco ugesi gëtt. Se gesäit wéi Julus mediterraneus aus, a lieft a Kolonië wéi déi Aart.

De Kierper ass robust a schmuel, ronn 30–50 mm laang a ronn 5–6 mm breet. Den Uewerkierper ass däischtergro, de Kapp an d'Antenne sinn olivgréng. D'Bee si stuppeg, a giel. D'Männercher si méi schmuel wéi d'Weibercher, a se hu méi laang Antenne wéi d'Weibercher.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren