dcsimg
Image of European beech
Creatures » » Plants » » Dicotyledons » » Beech Family »

European Beech

Fagus sylvatica L.

Routbuch ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages
 src=
Holz vun der Routbuch
 src=
Friichte vun der Routbuch

D'Routbuch (Fagus sylvatica) ass e Lafbam aus der Gattung vun de Bichen (Fagus). Hiert natierlecht Verbreedungsgebitt zitt sech iwwer grouss Deeler vun Europa. Hiren Numm huet se well hiert Holz liicht roudelzeg ass.

Mëschbëscher mat engem héijen Undeel u Routbuche bilden déi natierlech Vegetation a groussen Deeler vu Mëtteleuropa. D'Routbuch gëllt als Indikator fir en atlantescht Klima. Et fënnt ee s'a ganz Europa mat Ausnam am nërdleche Skandinavien. Am Süden an am Oste vun Nordbulgarien sinn an hirer Plaz d'Fagus orientalis an d'Zwëscheform Fagus moesiaca ze fannen.

Se geet am beschten op Kallekbiedem an op duerchlässege Sandbiedem, a verdréit keng Biedem mat Staunätzt.

Déi gréisst Bëscher zu Lëtzebuerg an deenen d'Routbuch als Haaptholzaart virkënnt sinn de Gréngewald an de Bambësch. Et fënnt ee s'awer och op de Koppe vum Minett oder soss iwwerall duerch d'Land, dacks mat Eeche vermëscht. Am Éislek ass et och déi natierlech Holzaart, gouf awer do am Laf vun de leschten 2 Joerhonnerten, am Ufank duerch Eechen am Louheckebetrib, an duerno duerch d'Uplanze vun Nolenhëlzer verdrängt.

Beschreiwung

Habitus

D'Routbuch ka bis zu 30 Meter héich ginn, an engem dichte Bësch bis zu 45 Meter. De Stammduerchmiesser kann am Fräistand bis zu 2 Meter erreechen a si ka bis zu 300 Joer al ginn, et goufen awer och scho méi al Exemplaire fonnt.

D'Kroun vun enger ausgewuesener Buch kann op bis zu 600 m2 Schiet maachen, si blitt an dréit Friichten an engem Alter vun ongeféier 30 bis 200 Joer.

Schuel

Hir dënn Schuel vun den Äscht ass am Ufank donkelgréng bis schwaarz a glat, no e pur Woche gëtt se awer scho méi hell. U méi décken Äscht an um Stamm ass se meeschtens hellgro a Läinzeeche vun den ofgestuerwenen Äscht bleiwe joerzéngtelaang siichtbar. D'Schuel deent sech mam Wuesstem aus, an et bilde sech ganz reng Längsrësser. Bei méi ale Routbuche gëtt d'Schuel um Stammfouss méi graff a rësseg, awer bleift am Géigendeel vun anere Bamaarten um Haaptstamm dënn an glat.

Blieder

D'Blieder hunn d'Form vun engem Ee, se hunn eng kuerz Spëtzt a sinn un der Basis käilfërmeg oder ofgeronnt. Si sinn tëscht 7 an 10 cm laang a bis zu 5 cm breet. De Blatrand ass welleg bis liicht gebucht a behoert. Och op der Blatënnersäit sinn d'Haaptnerve behoert. De Blatstill ass 1,0 bis 1,5 cm laang. Am Summer sinn d'Blieder uewendrop blénkeg donkelgréng an ënnendrënner hellgréng. Am Hierscht verfierwen se sech blatzeg-giel, spéider orangerout bis routbrong. Dacks bleiwen och nach verdréchent Blieder un den Äscht hänken.

Bewirtschaftung

Well d'Buch am Eenzelstand Tendenz huet späreg Äscht ze bilden, muss se grad sou wéi z. B. d'Kifer an der Jugend no beienee stoen, a solle gläichméisseg grouss ginn.

Fir Wäertholz ze zillen, brauch d'Buch frësch, déifgrënneg an nierstoffräich Biedem. Eng natierlech Verjüngung op sou Plazen ka bei net ze laangen Ëmdriffszäiten (130 Joer) scho Buche mat respektablen Dimensiounen a gudder Qualitéit liwweren.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Routbuch: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages
 src= Holz vun der Routbuch  src= Friichte vun der Routbuch