D'Arthropoden (Arthropoda) oder Glidderféisser sinn e Stamm aus dem Déiereräich. Si si mat 75% vun alle bekannten Aarten de gréisste Stamm aus dem Déiereräich.
Zu den Arthropode gehéieren ausser den Insekten, Dausendféisser, Spannendéieren, Milben a Kriibsdéieren och nach manner bekannt Gruppe wéi d'Séispannen an d'Feilschwanzkriibsen.
D'Gréisst geet vu mikroskopesch klengen Déieren wéi bis hin zu Homaren déi 75 cm laang kënne ginn.
All d'Glidderféisser hunn e baussenzegt Sklett dat de ganze Kierpe ëmschléisst an dat duerch Haitungen erneiert gëtt.